Familljefest Fun im Park

Familljefest Fun im Park
favorite_border
01 Jun 11:00
Until 01 Jun, 18:00 7h

Familljefest Fun im Park

Och Dëst Joer fennt rem eis Familljefest am Mierscher Park statt.
Den ganzen Daag organisieren Scouten Spiller fir Kanner, et sin Sprangschlässer an eng grouss Dachtscheiv do.
Fir Iessen an Drenken ass natierlech och gesuert.
Den groussen Highlight ass och rem eng Duckrace. Dest Joer maan mir der 2 eng Fir Kanner an eng fir Erwuessener Tickets fir Inten zekaafen kennt dir an den Nexten Wochen bei den jeweileg Memberen fir 5 euro pro Int. 😉
Den
1. Prais bei de Kanner ass eng Trotinette gesponsert vum Asport
Den 1.Prais bei den Erwuessenen ass eng Fahrt mam Ballon. gesponsert vum Abby Toussaint.
an vill weider flott Paiser fir grouss a Kleng.
Dëst Joër probéiere mir op eisem Familljefest am Park den 01.06.2024 am Sënn vun der Nohaltegkeet de Label « Green Events » ze kréien.
Mir erfëllen eng Partie Krittären an dem mir folgend Mesurë getraff hunn: Keng Eewee-Artikelen. Fir all d’lesssaache gouf Mehrweggeschir (Besteck, Telleren) agefouert, a fir d’Gedrenks Mehrweg-Becheren, -Glieser an Tasen.
E ganz groussen Deel vum lessen a Gedrenks wat ugebuede gëtt, ass lokal, regional, bio oder Fairtrade. Mir verzichten op Plastik esouwäit et meiglech ass. Paperless sou gutt et geet.
Schëlder a Markéierunge fir d’Offalltrennung.
Fir Mobilitéit ass gesuergt: et gi Vëlosstänneren am Park an deen nooste Busarrêt, ob der Méchelsplatz, ass op 500m errechbar.
All Infoen iwwert Bus- an Zuchtrajeten fann dir op Mobiliteit.lu
Fir méi Informatiounen iwwert Green Events: www.greenevents.lu
Merci un den Oekozenter Pafendall fir hir Ënnerstëtzung!
Sponsoring by
Chauffage Barthel-Hosingen.lu
Abby Toussaint
Asport
Scan QR Code
Scroll to Top